Studierees op Athen

Vum 17. bis den 20. Januar 2025 waren d’Latiniste vun 1re an 2e mat der Madamm Breuer an der Madamm Stölben op Athen. Samschdes konnten d’Schüler dee beandrockende Site vun der Akropolis mat sengem Musée entdecken. Sonndes stoung eng Besichtegung vum antike Korinth um Programm. Um Wee fir dohi konnten si och nach dee bemierkenswäerte Kanal vu Korinth gesinn. Nieft dësen Aktivitéiten haten d’Schüler och d’Geleeënheet duerch Athen ze flanéieren. Dobäi hunn si sech déi lecker griichesch Spezialitéiten net entgoe gelooss.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu