Am Kader vum “Holocaust Remembrance Day “hunn d’Schüler*inne vun eise 5G-Klassen un engem Workshop vum Zentrum fir politesch Bildung am Ciné Sura deelgeholl. No enger Aleedung an d’Theema hunn si de Film “Das Tagebuch der Anne Frank” (2016) gekuckt a sech doropshi gemeinsam Gedanken iwwer d’Liewe vu jiddesche Mënsche wärend der Shoah an d’Mënscherechter am Allgemenge gemaach.