Regards : les conférences du LCE

Den LCE huet am Kader vu „Regards: les conférences du LCE“ gëschter Owend an den Trifolion op eng Konferenz zum Thema „Jonker an hir Smartphones – eng Erausfuerderung fir Grouss a Kleng“ invitéiert. A senger Ried huet de Robert Droulans, Directeur-adjoint am LCE, d’Wichtegkeet vun enger gesonder Screen-Life Balance ënnerstrach.

De Conferencier Marc Bressler, Psycholog a Psychotherapeut beim ZEV (Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht) huet unhand vu villen Verhalensmuster gewisen, wéi süchteg mir (oft ouni et ze mierken) mëttlerweil no eisem Smartphone sinn a wat exzessiv Mediennotzung besonnesch bei Jonken ausléist. Hien huet d’Elteren an d’Enseignanten net nëmmen op Warnsignaler higewisen, mee och Léisungsvirschléi proposéiert, déi Famillen hëllefe kënnen zu enger neier – méi gesonder – Screen-Life Balance ze kommen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu