Austausch mat EU-Deputéierten

De 14. Februar koum et am Spigelsall vum LCE zu engem interessanten Austausch tëscht Schüler a Schülerinnen aus dem LCE an de Politiker Charel Goerens an Tilly Metz. Dës Visitt gouf vun de Professorinnen Annik Schank a Regina Stölben organiséiert.
No enger Begréissung vum Coryse Hubert, Directrice vum LCE, hunn déi zwee Membere vum Europaparlament sech zwou Stonnen Zäit geholl op de Schüler hir Froen zur aktueller EU-Politik anzegoen. Dobäi haten d’Schüler vill Froen zu de Relatiounen EU-USA, de Kricher am Noen-Osten an an der Ukrain, zum Rietsruck an Europa, zum Green-Deal an zur Fërderung vu modernen Technologien (KI). Béid Politiker hu mat grousser Sachkenntnis all d’Froe vun de Schüler beäntwert. Si sinn op d’Hannergrënn vu munchen EU-Decisiounen agaangen, hunn hir Ausféierungen duerch vill konkret Beispiller illustréiert an hu Kloertext bei den Themen Rietsruck an Europa a nei amerikanesch Regierung geschwat. Mat Leidenschaft si si fir d’ Stäerken an d’Erhale vun der EU agetratt, sou datt et net verwonnert huet, datt béid Politiker, déi lescht Fro vun de Jonken, ob EU-Politiker fir si en Dramjob wier, mat engem klore Jo beäntwert hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu