Den 2. Mäerz 2025 trëtt de WDR-Rundfunkchouer vu Köln ënnert der Leedung vum Simon Halsey an der Philharmonie op. D’Stéck „Zoes (singendes) Tagebuch – Circus in my Mind“ mat Musek vum englesche Komponist Bob Chilcott steet do e Sonnden um Programm. An enger musikalescher Rees stellen d’Sänger déi emotional Aachterbunnfaart vum Zoé, enger Teenagerin, duer.
Besonnesch un dësem Chouerconcert ass, datt Schoulchéier matmaachen däerfen. Jonk Schüler hunn sou déi eemoleg Chance zesumme mat erfuerene Sänger a Sängerinnen op enger grousser Bün ze stoen. Och den LCE Popchouer ass bei dësem Event mat 46 Schüler (vu 7e bis 4e) vertrueden. E grousse Merci der Madamm Monique Schumann, Musiksprofessorin am LCE: Säit Januar huet si fläisseg mat de jonke Sängerinnen a Sänger geprouft.
Ier et awer zu dësem Event an der Philharmonie kennt, hate gëschter eng Rei Schüler an Enseignanten am Virfeld d’Chance den Dirigent Simon Halsey zesumme mat dem Chouer vu Köln an eisem Popchouer op der Festsallsbün ze gesinn. Dobäi huet de KIKA-Moderator André Gatzke zur Freed vun eise Schüler a Schülerinne fir déi néideg Zirkusambiance gesuergt a si geschéckt zum Matmaachen animéiert.
Alles an allem: E gelongenen Optrëtt, dee Loscht op de Concert e Sonnden an der Philharmonie mécht!