De 6. Mäerz 2025 haten eis Schüler d’Geleeënheet sech am LGL géint aner Lycéesschüler am Basketball 5-5 ze moossen. An der Gruppephase konnten d‘ LCE-Schüler duerch excellent Kollektivleeschtunge jeeweils 3 Victoiren afueren a sech domat déi éischt Plaz an hirer Grupp sécheren: LCE-LEM : 20-9/ LCE-LGL2 : 22-4/LCE-LNB: 12-8.
Am weidere Verlaf huet den LCE fir d’Plazen 1 bis 5 gespillt. Och hei hunn eis Schüler gutt Leeschtunge gewisen a konnten sech géint de LAML Punkte sécheren. An deenen 3 anere Partien hunn eis Schüler trotz engagéierter Leeschtung géint staark Géigner sech misse geschloe ginn: LCE-SL: 14-17/LCE-EIMAB: 8-14/LCE-LAML: 14-2/LCE-EEL: 9-16. Domadder konnten sech eis Schüler eng top 4. Plaz vun insgesamt 19 Equipe sécheren.
Fir den LCE sinn ugetrueden: Bissen Noe, Achim Adrian, Denter Emil, Foz Moutinho Isaac, Saeul Felix, Kiliç Yasin, Meyers Nina, Leberle Kim (Coach: Moschtert Tom).