De Grupp “Fairtrade Brunch” huet den 2. Mäerz an Zesummenaarbecht mat Carli’s Coffee e flotte Brunch op d’Bee gestallt. D’Iddi war, e Menu zesummenzesetzen, wou d’Auswiel vun de Produiten aus dem fairen Handel oder vu lokale Produzenten koumen. An zwee Zerwisser hu si bal 100 Gäscht zerwéiert, déi an enger gemittlecher Ambiance ee flotte Moment matenee verbruecht hunn.