Journée d’information professionnelle am LCE

Fir déi siwente Kéier war de 15. Mäerz 2025 d‘Journée d’information professionnelle am LCE. Organiséiert gouf dee Moie vun der Amicale des Anciens an der Direktioun vum Iechternacher Lycée. 

No der Begréissung vun der Directrice vum LCE, huet d‘Madamm Carole Hartmann, de Schüler hiren eegene berufflechen a politesche Parcours als Affekotin, Deputéiert a Buergermeeschtesch vun Iechternach skizzéiert. Si huet dobäi déi Jonk encouragéiert sech a Veräiner oder an der Politik ze engagéieren an insistéiert, datt eis Gesellschaft d‘Stëmm vun de Jonke brauch.  

Dee Moien haten eis Schüler Geleeënheet, fir sech mat enger 50 Ancienen aus ganz ënnerschiddleche Beruffer auszetauschen. An enger labberer Ambiance konnten si sou direkt mat de Representanten iwwert deenen hire Beruff schwätzen a mat Firme Kontakt ophuelen, déi hinnen e Stage, e Vakanzenjob oder eng Visitt d’Entreprise offréiert hunn. 

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu