Sech neien Erausfuerderunge stellen an dorunner wuessen, sech a verschiddenen Domainer iwwer eng länger Zäit engagéieren, Abenteuer erliewen, eens ginn, … dat sinn nëmmen e puer Ziler vum Programm „Mérite Jeunesse“, deen sech u Jonker vu 14 Joer u riicht. Den Niveau Bronze resp. Sëlwer hunn 10 Schüler aus dem LCE ofgeschloss a goufe virun e puer Deeg a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Prënz Guillaume an dem Minister Claude Meisch mat engem Diplom ausgezeechent.
Op der Foto: Robert Droulans (Directeur adjoint vum LCE), Carmen Schares (eng vun den Tutrice fir de Mérite Jeunesse), Marc Bodé, Claire Coner, Claire Dumont, Léini Greischer, Emma Hilger, Lina Neises, Dominik Rock, Linda Rock, Mia Santer a Pit Schmitz.