Eis 2e A krut zu Miersch den éischte Präis vum Concours „Jeune Journaliste“ an der Kategorie 16-25 Joer. Fir dëse Concours, organiséiert vum ZpB, dem SCRIPT an dem Conseil de Presse, hunn de Charel, den David, d’Selin, d’Kristina an d’Laetitia en Debat iwwert den Handy an der Schoul am Cours vum Raoul Grün organiséiert, gefilmt an opgeschafft. Dëse gouf duerno professionell op engem Internetsite presentéiert a resuméiert.
Eis Felicitatiounen! Mir sinn houfreg op iech!