Willi’s Window 

déi offiziell EduStart-up vum LCE ass säit leschter Woch lancéiert. Dir fannt si vis-à-vis vun der Cafeteria am P005. Eng EduStart-up ass eng Entreprise, déi Wueren a Servicer fir Schüler a Proffen ubitt a vu Schüler gefouert gëtt.

An hirer Promo schreiwen d’Schüler iwwert hier Firma:

„Eis Firma dréit zwar den Numm vum hellege Willibrord, mee mir gleewe just un eppes: déi onwidderspréchlech Wourecht vum gudde fair gehandelte Kaffi! A genau dat ass et, wat Dir bei eis fannt. All Dag bidde mir Iech Kaffi, Mëtschen (nëmme méindes, donneschdes a freides) a nëtzlech Schoulsaachen un. Mir leeë besonnesche Wäert op lokal Produktioun an Nohaltegkeet, well eis Produiten net nëmme schmaachen, mee och eng gutt Saach sinn!“

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu