E Samschdeg, de 15. Mäerz 2025, hunn d’Schüler Belen Gudeta, Caelia Sperini, Jorge dos Santos an Narimane Dondelinger vun der 4GSO mat hirer My First Enterprise « Pink_Palest » un der Vente en commun am Shopping Center vun der Cloche d’Or deelgeholl. Hei haten si wärend engem ganzen Dag d’Geleeënheet hir Service ze offréieren. Si hunn e puer Client’en Trëtze gemaach an och d’Neel gefierft. Elo präparéieren si nach hir Finanze fir hiren Dossier ze vervollstännegen. Fir d’Schüler war et eng flott Erfarung mat allen anere MFE’en un esou enger Vente deelzehuelen.
Text: Anne-Caroline Berscheid ; Fotoen: Anne-Caroline Berscheid an ©Jonk Entrepreneurs Luxembourg © Pierre Levy /http:/www.levygraphie.lu/