Den 28. Mäerz 2025 huet d’Cellule d’Orientation vum LCE eng éischt Matinée d’information et d’orientation “Beruffswelten entdecken” fir d’Schüler*innen vun de 5G a 4G organiséiert. Dëse Moien hat als Zil e puer vun de ville Studien- a Beruffsméiglechkeeten, déi dës Schüler*innen an de nächste Joere wäerten hunn, virzestellen. Et gouf 11 verschidde Presentatiounen, z.B. vu Firmen am Beräich vum Bauen a vum Commerce, de CGDIS, d’Police, Healthcareers, d’Fedil, d’Chambre
des Métiers an eng Maison Relais hunn och Beruffer an hiere Beräicher virgestallt. D’ENSA an den LPM hunn d’Ausbildungsméiglechkeeten an hire Schoule presentéiert.