E wichtegen Deel vum Europadag am Haff vum LCE waren déi vill musikalesch Bäiträg. Zur Freed vum Public sinn och eng 50 Schüler a Schülerinne vum „LCE Demokratiechouer“ opgetrueden. Dobäi goufen si vun der Proffeband BRORD ënner Leedung vum Georges Urwald begleet. Hiren engagéierte Lidder „A chacun sa voix”, „Demokratie ass d’Melodie“ an de Liddertexter vun der Proffeband „Eng Blumm am Laf“ a „Krich“ huet de Public nodenklech nogelauschtert.