Open-Air-Kino am LCE

E Samsden, de 26. Abrëll 2025 hunn 3 Schülerinne vun der 2GCG am Kader vum Cours “Gestion de Projets” hirt Event “Open Air Kino” erfollegräich am Abteihaff organiséiert. Et war eng gutt Zesummenaarbëscht mam Ciné Sura. Bei där Geleeënheet gouf och un de verstuerwene Präsident Michael Battenberg geduecht.
Op engem gemittlechen Owend ënner fräiem Himmel a gudder Atmosphär ass de flotte Film “Top Gun: Maverick” gewise ginn. Fir dat richtegt Kino-Gefill ze garantéieren, goufen och verschidde Stänn opgebaut: Et gouf frësche Popcorn, Gedrénks, Crêpe vum Dëschtennis Berdorf a Gegrills vum Haalefussball SL Scheedgen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu