Den 8. Mee 2025 hunn 18 Schülerinnen vu 5C a 4C um Dag „Girls Exploring Math“, dee vun der Uni.lu zu Esch-Belval organiséiert gouf, deelgeholl. Op dësem Dag hate si d’Méiglechkeet sech mat Mathematikerinnen auszetauschen an hunn nei a spannend Aspekter vun der Mathé kennegeléiert.