Eng lëschteg Theateropféierung am LCE

Bei der Entrée an de Festsall krute mir virwëtzeg Zuschauer den 8. Mee eisen CFLCE-Zuchbilljee vun enger jonker Schaffnerin geknipst. Domat war d’Thema agelaut: Et goung deen Owend – nom klassesche Retard – op d’Rees, fir genau ze sinn, mam Zuch vu Lëtzebuerg op Wien. Den Titel vum Stéck „Stress am Schampes-Express“ (Auteur vum Original ass de Bernd Spehling, lëtzebuergesch Fassung vum Roby Zenner), huet säi Versprieche gehal: Et sollt keng gewéinlech Zuchrees ginn, well zwee onbehollef Raiber hu probéiert de Bordbistro vum Schampesexpress ze iwwerfalen. Datt mir Zuschauer direkt der Illusioun vun enger Zuchrees verfall sinn, dofir hunn nieft de Bünendekore (Konschtoptioun vum Elaine Schintgen), déi typesch méisproocheg Durchsoë gesuergt, déi mir all vun de Gare kennen. Eng 20 Schüler*innen hunn deen Owend mat Begeeschterung an Talent déi ënnerschiddlech Rolle vun dësem lëschtege Stéck verkierpert an eis all ëmmer rëm un d’Laache kritt.
E ganz groussen MERCI dem Jil Beckené, dem Tessy Schortgen an dem Sascha Hamzeh, de Regisseur*innen vun dësem Stéck, déi mat vill Gedold a Geschéck derfir gesuergt hunn, datt eis jonk Schauspiller*innen iwwert sech eraus gewuess sinn an eis all e ganz flotten Owend bereet hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu