Projetsdag am LCE

De leschten Dag vum 2. Trimester hunn d’Schüler vun alle 5G Klassen un engem Projetsdag ronderëm d’Theema Fräiheet(en) deelgeholl.
Eng ganz Ekipp vu Proffen a professionelle Kënschtler ewéi Jill Crovisier, Nicool, Giamba oder Alex Tobia Caponigro hunn eng ganz Panoplie un Atelieren ugebueden an de Schüler duerch Danz, Songwriting, Rap, Beatboxing, Boxe Française, Parkour, Graffiti oder Action Painting et erméiglecht, sech op kreativ Aart a Weis mam Begrëff Fräiheet auseneen ze setzen, sech zu enger staarker, kreativer Gemeinschaft ze verbannen a sech selwer, fräi vun den alldeegleche Grenzen, ze erliewen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu