Visitt am Minnen – an am Resistenzmusée

D’SchülerInne vun der 4CL1 ware mat der Madamm Kill, dem Här Recht an der Madamm  Wagener am Süde vum Land ënnerwee. Moies stoung eng Visitt vum Musée des Mines zu Rëmeleng um Programme. Ausgerüst mat Helmer goung et erof an d’Galerien. D’SchülerInne ware ganz  interesséiert um Alldag vun de Minnenaarbechter. Am Nomëtte war zu Esch eng Visitt am Musée de la Résistance, wou si vill iwwert d’Liewen zu Lëtzebuerg zur Zäit vum Zweete Weltkrich geléiert hunn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu