Do you hear the people? Sounds of democracy:

Musek a Konscht hunn den 19. Mee 2025 am Iechternacher Trifolion der Demokratie an der Fräiheet hir Stëmm geléint. An dat mat groussem Erfolleg, wéi een un de Reaktioune vum Publikum gesi konnt. Ronn 50 Schüler*innen aus dem Iechternacher Lycée, dirigéiert a begleet vum Georges Urwald, sinn op den EVL (Ensemble Vocal du Luxembourg) getraff fir nei Lidder a bestoend Lidder, emol jiddweree fir sech, emol zesummen, zum Theema ze presentéieren. Markant Aussoen aus de Liddtexter si vu Klassen aus der Éducation artistique vum LCE illustréiert a projezéiert ginn. Den Owend ass vun eisen 2 Schülerinne, dem Alexandra Blard an dem Margarita Ostretsova moderéiert ginn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu