De Concert „Classes Musicales and Friends“ war de Beweis, dass d’Kombinatioun vun ënnerschiddlechen Ensembelen aus dem LCE zu flotten a positive „cheemesche Reaktioune“ féiere kann.
Nodeems d’MuseksschülerInnen hiert Kënnen an hier villfälteg Talenter an ënnerschiddlechen Ensembelen an z.B. als Presentateur ënner Beweis gestallt haten, hunn si de Proffechouer an eng motivéiert, talentéiert 2CG mat hiren Instrumenter begleet.
Virun engem gemeinsamen, stëmmungsvollen Ofschloss huet d’Schülerband AMEMYA, déi zum Deel aus fréiere Classe Musicale-Schüler besteet an op esou engem Owend net feelen dierf, ee vum Alexandra Blard komponéierte Song präsentéiert.
Bravo alle matwierkende Schüler a Proffen!