Laf ronderëm de Séi 2025

Et ass schonn Traditioun dat den Donneschde virun der Péngschtvakanz d’LASEL de Laf ronderëm de Séi zu Iechternach organiséiert. Dëst Joer hunn iwwer 1000 Schüler aus dem ganze Land de Wee op de Séi fonnt fir déi méi wei 6 Kilometer ze lafen. Och wann et heescht “ronderëm de Séi” ass d’Streck méi usprochsvoll well et, ier et op de Séi geet, nach iwwert Thoull geet, eng kleng Kopp déi et awer an sech huet.

Mir war mat 82 Leefer um Start an jiddereen huet et an d’Zil gepackt. De Louis Meyer ass dat an enger top Zäit vun e bësse méi wei 24 Minutte gelaf an huet sech am Generalklassement déi 5 Plaz geséchert. Ënnert den Net-Lizenzéierten huet hien sech als éischte klasséiert. Mir sinn awer op jidderee Leefer aus dem LCE stolz dee matgelaf ass.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu