Den 13. Juni krute mir vun der Madamm Isabel Wiseler – Lima, MEP, an dem Här Christoph Schröder, Chef de bureau vum EP zu Lëtzebuerg, eisen „European Parliament Ambassador Schools“(EPAS) – Zertifikat iwwerreecht, sou datt den LCE lo offiziell zum Reseau vun dëse Schoulen an Europa zielt.
An hire Rieden hunn d’Madamm Coryse Hubert, Directrice vum LCE, an den Här Schroeder d’Schüler*inne vun der Europa-Optioun gelueft, well si dëse Programm am Cours vun der Madamm Regina Stölben mat Succès ëmgesat hunn. Dëse Programm soll d‘Bewosstsi vu Schülerinnen a Schüler fir déi parlamentaresch Demokratie an Europa, d‘ Roll vum Parlament an déi europäesch Wäerter schäerfen.
Nodeems d’Septimaner a Begleedung vum Georges Urwald zwee eege Lidder zum Thema „Demokratie“ flott virgedroen hunn an d’Optiounsschüler an engem kuerze Resumé verschidden Aktivitéiten aus dësem Schouljoer Revue passéiere gelooss hunn, huet d’Madamm Wiseler-Lima sech de Froe vun eisen 2es a 4es Schüler a Schülerinne gestalt. Dobäi huet ee gemierkt, datt am Moment virun allem de Noostkonflikt eis Schüler staark beschäftegt.