E Freideg, de 6. Juni 2025 hunn eis Schüler vun der 3CD an der 2GCG a Begleedung vun der Madamm Berscheid an der Madamm Plumer um Rallye citoyen an der Stad deelgeholl. Dëse Rallye gëtt organiséiert vum Jugendrot an erlaabt de Schüler op sechs Statioune verschidden Institutiounen an déi domat verbonne Youth Goals, duerch Quiz, Spill, Actioun an Teamwork, kennenzeléieren. Lass gaang ass et bäi de Rotonde an d’Statioune waren dës Joer den MNAHA, de Kanner-Jugendtelefon, de Rainbow Center – Zentrum fir queer Kultur, de Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg, d’Association Luxembourgeoise pour le Dialogue interculturel souwéi d’Rotondes selwer. Eis Ekipp Mylotion vun der 3CD huet sech déi gutt 3. Plaz geséchert.