Fräiheet am Spigel – Lidder fir Demokratie, Fräiheet a Fridden

Den 12. Juni 2025 hat de Musiksprofesser Georges Urwald eis op en Hausconcert mam Titel “Fräiheet am Spigel” an de Spigelsall vum LCE invitéiert. Eng ronn 50 jonk Schüler*innen hunn sech mat Lidder an Illustratiounen, déi vu Klassen aus dem LCE produzéiert goufen, zu den Theemen Demokratie, Fridden a Fräiheet ausgedréckt. Verschidde Septièmesklassen hunn engagéiert Lidder iwwert Theeme wéi Zesummenhalt oder Mobbing geschriwwen. Och d’Proffeband BRORD huet eng Rei engagéiert Songs zum Theema Ënnerdréckung a Kricher presentéiert. Als Ofschloss vun dësem gelongenen Owend hu Primanerinne vun der 1CE eis mat hirem dadaisteschen Optrëtt iwwerrascht.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu