De 5. a 6. Juni 2025 konnt den LCE déi däitsch Autorin Frauke Angel fir direkt dräi Liesungen an der Schülerbibliothéik begréissen. D’Madamm Angel war am Kader vun der “Kinder- oder Jugendbuchautor:innen Residenz” e ganze Mount zu Iechternach zu Besuch an huet fir d’Klassen 7C3, 6C1 a 6C3 aus hirem Buch “Neue Heimat 1404” virgelies. D’Autorin, déi iwwregens och ausgebilte Schauspillerin ass, huet mat immensen Elan a vollem Kierperasaz d’Geschicht aus hirem Buch zum Liewen erwächt.
Den LCE seet Merci fir hire Besuch!