Am Kader vum Mérite Jeunesse hunn 8 Schüler sech op hir Expeditioun gewot. D‘Sonn war mat um Rendez-Vous, wéi si vu Veianen op Stolzebuerg gewandert sinn, fir un der Our hir Zelter opzeschloen. Si hunn sech selwer mat Standard-Campingausrüstung gekacht an hu bis an d‘Däischtert „Imposter“ gespillt.
Samschsegmoies sinn déi manner erfuere Schüler derbäi komm. Si hu just eng Nuecht am Zelt verbruecht. Stolz 15 Kilometer biergop a biergof si si bis op d’Giewelsmillen un der Uewersauer gehiked. Sonndes goung et fir jiddereen ze Fouss weider bis an d’Fuussekaul.
Ënnerstëtzt goufen si de ganze Weekend vun hiren Tutricen Nathalie Frohnen a Carmen Schares. Déi bis zu 45 Kilometer ware just mat der Ausdauer an der positiver Astellung vun de Jonken ze packen (an och mat der Musik aus dem Handy).