Sponsored Run 2025

Mir si ganz houfreg, datt 238 Leefer bei schéinstem Wieder am
Iechternacher Park beim Sponsored Run matgelaf sinn, fir Sue fir medezinesch Hëllef fir d‘Kanner am Gaza ze sammelen. Am Viraus haten si ofgestëmmt, fir wéi ee Projet vun der Unicef si Sue sammele wéilten an duerno hunn si fläisseg no Sponsore gesicht.
Dofir e ganz grousse Merci un all d’Leefer an hir Sponsoren. Mir soen och de Vertrieder vun der Unicef Merci, datt si fir de Sponsored Run an de Park komm sinn, fir eng Hand mat unzepaken.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu