D’Associatioun vun der « Table Ronde Luxembourg 7 Mullerthal » huet decidéiert och dëst Schouljoer mat engem Deel vun de Suen, déi si bei Charity-Eventer gesammelt hunn, zwee Primaner aus dem LCE ze ënnerstëtzen. Dës Studiebourse belount engagéiert Schüler, déi am Schouljoer 24/25 duerch Ausdauer oder gutt schoulesch Resultater opgefall sinn an déi wëlle weider studéiere goen. Dës generéis Boursë vu jeeweils 1000 Euro wäerten eisen zwee Primaner, dem Kira Hengel an dem Yll Brahimi, de Studiestart finanziell sécherlech erliichteren.