Etoiles du LCE 2024/2025

en Titel « étoile du LCE » ass eng speziell Auszeechnung, déi all Schouljoer nëmmen un eng ganz limitéiert Zuel vu Schüler a Schülerinnen aus dem LCE verdeelt gëtt. Dës Laureaten hu sech am Laf vum Joer ganz besonnesch duerch hir Leeschtung, sief et schoulescher, kënschtlerescher, sportlecher oder sozialer Natur, ervir gedoen.
D‘Direktiounsmembere vum LCE sichen ënnert de Propositiounen, déi si vun Enseignantë kréien, déi Schüler a Schülerinnen eraus, déi dat Joer dëse Certificat verdéngt hunn. Op enger klenger Feier am Spigelsall a Präsenz vun hire Familljememberen, Regenten an Enseignanten gëtt dëse Certificat iwwerreecht.
Sou konnt d’Madamm Coryse Hubert, Directrice vum LCE, e Méinden dës 17 Schüler a Schülerinnen fir hire besonneschen Engagement am Schouljoer 24/25 luewen an auszeechnen:
  • BISSEN Noé 7C5
  • BLARD Alexandra 4C1
  • BLASCHETTE Charel 2CA
  • BODÉ Marc 4CL1
  • BRACCO Maya 4CL1
  • BURDOT Dora 6CLM1
  • COUCKE Dries 2CLB
  • FEDERSPIEL Jean-Pierre 2CLC
  • GREISCH Sam 2CLB
  • LAMESCH Marwan 2CLI
  • LIIGA Laetitia 2CA
  • OSTRETSOVA Margarita 4C2
  • THAMINY Karim 4CL1
  • THILMANY Kristina 2CA
  • UNGUREANU Vlad 2CLI
  • WEYDERT Marie 4C3
  • ZEHREN David 2CA

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu