Op Visitt am Meeple Monastery

D’Madamm Berscheid war haut mat der 3e D op Visitt am Meeple Monastery. De Grënner, Frédéric Varelas, huet virun e puer Joer aus senger Passioun fir Gesellschaftsspiller eraus, decidéiert e Buttek opzemaachen. Hien huet de SchülerInne erkläert, wéi et dozou koum a wat déi éischt Etappen op dem Wee vun esou enger Création d’entreprise sinn a fir wéi ee statut juridique een sech decidéiere soll. Informatioun fir déi éischt Steps zur Selbstännegkeet fënnt een op Myguichet.lu, souwéi beim House of Entrepreneurship. Haut geréiert hie Commande, mécht d’Compta an huet souguer säin Internetsite selwer opgebaut. Wichteg ass et de Marché an déi potentiell Clientèle ze analyséieren an sech esou och un d’Besoine vun de Clientë besser kënnen unzepassen. Et sollt ee jiddefalls keng Angscht virum administrativen Opwand hunn, wann ee mat der Iddi spillt, sech selbststänneg ze maachen.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu