An der Chamber

D’Klassen 3CD an 2GCG waren zesumme mat der Madamm Berscheid an dem Här Sunnen op Visitt an der Chamber. Op eng ganz dynamesch Aart a Weis huet déi jonk Deputéiert vun Déi Gréng, d’Madamm Djuna Bernard, de SchülerInnen erkläert, wéi sou en Aarbechtsalldag vun enger Politikerin ausgesäit, wat genau d’ Chamberkommissioune sinn a wéi et an enger Plenière ofleeft. Vill Aarbecht gëtt am Virfeld vun dëse Plenière geleescht, wat dem Bierger vläicht net ëmmer esou bewosst ass. D’Schülerinne konnten all hir Froe stellen a soen häerzlech Merci fir dee flotten Austausch an deem dach imposante Gebai.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu