Vum 20. bis den 23. Juni 2025 huet d’2ème B eng Klasserees mam Zuch duerch d’Schwäiz gemaach. Déi éischt Statioun war Basel, wou mir d’Chimiesdepartement vun der Uni Basel an d’Pharmaziemuseum besicht hunn. Den Dag drop goung et op Bern, wou d’Schüler déi flott Alstad entdecke konnten an un enger Visite guidée vun der Einstein Ausstellung am naturhistoresche Musée deelgeholl hunn. Zu Basel an zu Bern hunn d’Schüler et sech bäi beschtem Wieder net entgoe gelooss, am Stadzentrum an de Rhäin respektiv an d’Aare schwammen ze goen. Fir déi läscht Deeg vun eisem Ausfluch goung et op Grindelwald an d’Bierger, wou mir eng onvergiesslech Wanderung gemaach hunn.