Ënnert dem Motto “Every beginning needs an end” ass et dëst Joer beim Schreif- a Liesconcours vum LCE drëms gaangen, eng Geschicht ze vervollstännegen. Dat Besonnescht bei dëser Aufgab war, datt d’Geschicht sech huet missen an eisem Lycée ofspillen.
Vill Schüler hunn sech dësem Challenge ugeholl an et si ganz flott Geschichten dobäi erauskomm.
Follgend Schülerinne konnte mat hiren Aarbechten d’Jury vum Concours iwwerzeegen:
- Plaz 1: Maude Blaschette (5C4)
- Plaz 2: Margarita Ostretsova (4C2)
- Plaz 3: Laura Bettendorff (7C1)
- Plaz 4: Sofia Meier (5CL1)
- Plaz 5: Africa Matos Lima (2CD)
- Plaz 6: Maya Bracco (4C1)
Den LCE wënscht de Gewënner vill Spaass mat hire Präisser a seet och de Sponsore vum Concours villmools Merci : Voyages Emile Weber, Quaichleker Bichereck, Samkats, Ciné Sura.