Optioun Europa an Erasmus

Mir blécken op e schéint éischt Joer mat der Optioun “Erasmus & Europa” zeréck. A kuerzer Zäit hu mir vill erlieft an erreecht. Ennert anerem waren d’Visite vum Europaparlament zu Stroossbuerg, den Europe Day an natierlech d’Unerkennung vum LCE als EPAS Schoul flott Meilesteng vum Schouljoer 2024/25.
Als schéinen Ofschloss vum Joer krut de Grupp den 2. Juli d’Zertifikat fir d’Euroscola iwwerreecht. D’Madamm Regina Stölben ass ganz houfreg op hir Schüler*innen a freet sech schonns drop fir nächst Schouljoer mat enger neier Schülergrupp dës Optioun weider ze féieren.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu