Éischt-Hëllefs-Optioun

Am Kader vun der Éischt-Hëllefs-Optioun vum Här Christophe Audenaerde hunn eng Rei Schüler erfollegräich hiren Éischt-Hëllefs-Cours ofgeschloss. Vun einfache Verbänn, iwwert Erstécke bei Kanner bis hin zur Reanimatioun hunn d’Schüler dat ganzt Joer iwwer geléiert, wéi si an engem Eeschtfall reagéiere mussen, fir hire Matmënschen hëllefen ze kënnen. No villen Stonnen üben a probéieren hunn si et elo gepackt a konnten am leschte Cours vum Joer hiren Diplom vum Här Droulans iwwerreecht kréien. Domadder konnten am Kader vum Agrement, deen d’Schoul säit dësem Abrëll offiziell erhalen huet, insgesamt 15 Jonker zu Ersthelfer ausgebilt ginn.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu