Dag 1: Mieresfuerscherdag
Um éischten Dag vun hirem Stage op der ostfrisescher Nordséiinsel Norderney hunn d’Schüler vun der 2CC matt enger Gliep, engem grousse Kescher, Déieren a Planzen aus dem Mier gefëscht, bestëmmt a vermooss. Am Labo goufen eis Schüler duerno vill iwwert dës Liewewiese gewuer. Bei enger Statiounenaarbecht goufen interessant Theme ronderëm alles, wat e sou um Strand fënnt, behandelt.
Dag 2: Wattfuerscherdag
Och den zweeten Dag hunn d‘Schüler moies wärend zwou Stonnen am Watt Prouwe geholl, déi si nomëttes am Labo vum Watt Welten (UNESCO-Weltnaturerbe) wärend dräi Stonnen analyséiert hunn.
Dag 3: Wandern im wilden Osten
Beim Wandern duerch onberéiert Natur hunn d’Schüler d‘Statioune vun der Inselentstehung, der Dünebildung, vum Strand bis zur Salzwiss, wëll an dynamesch Liewensraim, déi vu Wand a Wellen gepräägt ginn, kenne geléiert.
Dag 4: Vigelbeobachtung am Wattenmeer
Am Watt – um gedeckten Dësch – kann en, ausgerüst matt Spektiv an Teleskop ganz vill verschidde Vigel gesinn: Austernfischer, Sandregenpfeifer, Regenbrachvogel, Löffler, Laachméiw a nach vill anerer.
Als Ofschloss vun dësem interessante Stage bei herrlechem Summerwieder a waarmen Temperaturen stoung nach eng kleng sportlech Aktivitéit um Programm: e Windsurfschnupperkurs!