Rentrée 2025: Welcome, Septimaner!

Méi wéi 200 nei jonk Gesiichter hu mir haut am Trifolion begréisst – e grousse Moment fir si, hir Elteren an och fir eis!
No der Ried vun eiser Directrice goufen d’Septimaner op néng Klassen opgedeelt a vun hire Regente fir d’éischt an hire Klassesall begleet. Hei stoung sech kenne léieren, austauschen an ukommen am Mëttelpunkt.
Parallel dozou hunn d’Membere vun eise Servicer den Elteren en Abléck an d’Servicer vum Département EPS an der Schoulbibliothéik ginn. An duerno blouf nach Zäit fir Froen a Gespréicher bei engem gemittleche Café-Croissant am Kräizgank.
Mir freeën eis op e Schouljoer voller Entdeckungen, Erausfuerderungen a schéine Momenter zesumme mat eise Septimaner!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu