Och dëst Joer waren all eis 7C a 7G Klassen vun Enn September bis Ufank Oktober mat hire Regenten um “Stage découverte”. Dëst Joer gouf et allerdéngs eng Neiegkeet: All eis Septimaner sinn an de Mariendall gefuer a goufe vun den Mataarbechter vum SNJ betreit.
Dës Deeg hunn als Zil, den Teamspirit an d’Kohäsioun vun eise Septimaner ze stäerken. Um Programm stoungen Aktivitéiten wéi en Tuer mat engem VTT-tandem, eng Expeditioun duerch de Bësch, awer och de faméisen Top Rope – e Kletterparcours bei iwwer 8 Meter Héicht.
No all dësen dach schonn ustrengenden Aktivitéiten koum et dann och nach zu engem gemeinsamen gemittlechen Mëttegiessen.
E flotte Moment fir all eis Septimaner an all hir Regenten.