LASEL – Championnat Volleyball

Donneschden, den 09. Oktober ass eng ganz staark Jongenéquipe vum LCE an der Staat, amLycée des Garçons um Volleyballschampionnat (6vs6) ugetrueden.
Et waren insgesamt 21 Equippen ugemellt an et ass a 4 Poulen a Matcher vun 8 Minutte gespillt ginn. Eis LCE-Équipe konnt sech als bescht an hirer Poule behaapten a huet och souverän Aachtels- a Véierelsfinall gewonn. No engem holpregen Ufank an der Halleffinall géint de Fieldgen konnten sech eis Häre gutt fänken a gutt Punkte maachen. Leider war Zäit vun 8 Minutten net duergaang fir de Réckstand opzehuelen. Am Spill em Drëtt Platz konnte si sech awer rëm behaapten a gewannen.
Bravo LCE!

Op der Foto: David Zehren, Max Stein, Charel Wildgen, Philippe Santer, Leo Mehlen, Laurenz Oeltges an Noah Oesch
(Coach: Jan Mikeska)

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu