Axxess Cross – LCE mat staarker Präsenz am Bambësch

Den 16. Oktober 2025 hunn 12 Schüler aus dem LCE (Pit Stefanetti, Tim Bermes, Alessio Frondizi, Flynn Bernadin, Matteo Pignolini, Bruce Engeling, Leo Müller, Connor Schiltz, Phil Wirtz, Kim Bintz, Luca Kinnen a Gabriel Alves) un der Axxess Cross Course vun der LASEL am Bambësch deelgeholl. Am Ganze stoungen 570 Läufer*innen um Start.

D’Representanten aus dem LCE si sämtlech an der Kategorie Juniors/Seniors (128 Participanten) ugetrueden. D’Distanz huet sech op 4.140 Meter belaf.

De Matteo Pignolini war dee séierste Läufer aus dem LCE a konnt sech eng staark 27. Plaz sécheren.

E grousse Bravo un all eis Schüler fir hiren Asaz an déi sportlech Leeschtung!

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu