Den 9. Oktober 2025 hunn dräi Schüler aus dem LCE um Dëschtennischampionnat vun der LASEL deelgeholl. An der Kategorie C Jongen huet den Yves Zhu eng respektabel 11. Plaz erreecht, wärend den Adrien Loureiro mat enger staarker Leeschtung op déi 3. Plaz komm ass.
An der stäerkster Kategorie AB konnt de Steven Zhu sech och gutt beweisen an huet déi 9. Plaz beluecht.
E grousse Bravo un eis Spiller fir hir Leeschtungen a fir d’Representatioun vum Lycée!