Labelvergabe vum Projet SES

Leschten Donneschdeg huet d’Labelvergabe vum Projet SES am Melusina stattfonnt. Mëttes hu 6 Schüler aus dem LCE un engem Rallye deelgeholl, bäi deem si op verschiddene Statioune méi iwwert ënnerschiddlech Institutioune (wéi d’ABBL, d’JEL,…) geléiert hunn. D’Thema vum Dag “Education financière” gouf och owes wärend enger Table ronde behandelt, un där Acteure vun der JEL, dem Script, dem Conseil en matière de surendettement, der CSSF, der ABBL an der belscher Autoritéit FSMA, deelgeholl hunn.
Eis EduStart-Up « Willi’s Window » gouf offiziell präsentéiert an eis Schüler haten d’Geleeënheet kuerz ze erklären, wat si an hirer Entreprise maachen. Duerno konnten den Här Droulans, d’Madamm Berscheid an den Här Eicher de Label vum héchsten Niveau, der “entrepreneurial progression” fir den LCE entgéint huelen. Dësen ass e Merite fir déi vill Aktivitéiten, déi am Joer 2024-2025 am LCE organiséiert goufen.
Mir soe jidderengem, SchülerInne an Enseignante, MERCI fir den Engagement, deen iwwert d’Léieren erausgeet.
©MEN-Stéphane Botzem ©Script ©Anne-Caroline Berscheid

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu