Am Kader vun der Semaine de la démocratie huet den LCE seng nei Charte scolaire lancéiert : E faarwefrout Dokument, un dem alleguer d’Parteie vun eiser Schoulgemeinschaft iwwert e Joer laang geschafft hunn a wat beschreift, wat mir eis virhuelen, fir gutt zesummen ze liewen an ze léieren.
Den 31. Oktober 2025 hu mir d‘ Aweiung vun der neier Charte an den Ofschloss vun der Semaine de la démocratie zesummen am Haff mam “demokratesche Kuch” gefeiert. D’Madamm Hubert ass an hirer Usprooch op d’Wichtegkeet vun de Wäerter agaangen an huet besonnesch och dem Schülercomité an der CDS vum Lycée Merci fir hiren Asaz gesot.
D’Alexandra Blard, Präsidentin vum Schülercomité, ass dono a senger Ried op d’Aktivitéiten agaangen, déi am Kader vun der Semaine de la démocratie gemaach goufen a bei deene vill interessant Iddien an Usiichte vun de Schüler konnten erfaasst ginn.
D’Madamm Catherine Decker, Generalsekretärin vun der UNESCO Kommissioun, huet hierersäits den Engagement vun de Schüler:innen aus dem LCE gelueft an ënnerstrach, datt si frou ass ze gesinn, datt d’Wäerter vun der UNESCO an eiser Schoul gelieft ginn.
No engem flotte musikalesche Bäitrag vun de Schüler aus der Optioun “Die singenden Primaner von Echternach”, huet jidderee sech gefreet, fir zesumme Kuch z’iessen, deen d’Schüler vun alle Klasse gebak a matbruecht haten, fir mat hire Kolleegen an Enseignanten an dësem feierleche Moment ze deelen.