Laf op Athen – zeréck zu de Wuerzele vun der Demokratie

Am Kader vun der Demokratiewoch hu 14 Klassen aus dem Cycle inférieur schonn zënter Ufank vum Schouljoer fläisseg Kilometer gesammelt mam groussen Ziel, an der Loftlinn bis op Athen – d’Stad, wou d’Demokratie hierkënnt – ze kommen. An de Sportstonnen, an deene mir d’Thema Lafen an Ausdauer behandelt hunn, hunn eis Schüler zesumme mat hire Sportsproffen hir gelafe Meter a Ronnen (um Bulletsterrain) notéiert. All Kilometer huet gezielt, fir déi enorm Distanz vu ronn 1900 km ze erreechen.
An dëser Woch war et dann esou wäit: Duerch déi ustoend Ausdauerprouwen hunn eis Schüler hiert Ziel net nëmme gepackt, mee mat insgesamt 2136 km souguer däitlech iwwertraff.
Bravo un iech alleguer! Mir soen iech villmools Merci fir ären Asaz an äre grousse sportlechen Engagement.

Lycée classique d’Echternach
1, rue du Pont
L-6471 Echternach

Adresse postale:
Lycée classique d’Echternach
B.P. 17 | L-6401 Echternach

72 87 15 – 123
secretariat@lce.lu