Am Kader vun der Semaine de la démocratie ginn d’Memberen vum Nohaltegkeetsgrupp vum LCE op all d‘7e-Klassen fir mat hinnen den Nohaltegkeetsdag, dee méi spéit am Schouljoer stattfënnt, virzebereeden. Bei enger Aktivitéit a Gruppen léieren d’Schülerinnen a Schüler de Begrëff vun der Nohaltegkeet, deen och ee vun de Wäerter vun eiser neier Charte ass, kennen a sichen sech als Klass een Theema eraus, iwwer dat si um Nohaltegkeetsdag méi wëlle gewuer ginn.