Felicitatiounen! – De Schreifconcours 2024–2025 vum LCE ze gewannen ass schonn eng Leeschtung fir sech – mee de Nationale Literaturpräis an der Kategorie „jeunes auteurs/jeunes autrices de 12 à 19 ans“ ze gewannen, dat ass eng ganz aner Liga!
Déi ganz Schoulgemeinschaft gratuléiert dem Maude Blaschette vun der 4C ganz häerzlech an ass houfreg op säin aussergewéinlecht Talent.
Op dëser Plaz liest dir geschwë méi iwwert dës jonk Schrëftstellerin.