Den Donneschden, den 16. Oktober, ass den LCE zu Lëntgen mat zwou Beachvolleyballséquippen un den Tournoi gaangen. Am Ganzen waren 22 Equippen ugemellt.
Eis zweet Équipe (Berrend Vincent, Mossong Léo, Nilles Layla an Noesen Luca) huet eng gutt Leeschtung gewisen a sech e puermol staark behaapt. Leider huet et awer net duergereecht, fir eng Platzéierung an de Poulen ze sécheren an domat an déi nächst Ronn ze kommen.
Eis éischt Équipe (Hilger Emma, Oesch Noah an Stein Max) huet ganz staark gespillt an sech an de Poulen ëmmer erëm kloer duerchgesat. Och d’Aachtels- an d’Véierelsfinale konnten si souverän gewannen. An der Halleffinal huet et leider net méi gereecht, mee si hunn sech eng ganz staark drëtt Plaatz am Tournoi geséchert.
Bravo un all eis Spillerinnen a Spiller fir déi super Leeschtung!
(Coach: Jan Mikeska)