Den Donneschden, den 30. Oktober, ass den LCE mat enger Mixte-Équippe an der Stad um Lampertsbierg un engem Volleyballstournoi ugetrueden.
Eis motivéiert Équipe ass gutt an de Tournoi gestart a konnt an de Poulen zwee Matcher fir sech entscheeden. Leider waren déi aner Équippen e klengt Stéck méi staark, sou datt den LCE d’nächst Ronn knapp verpasst huet.
Villmools Merci un d’Spillerinnen an d’Spiller fir äert Engagement a flott Leeschtung!
Op der Foto: Mats WEBER, Nicolas FOCHT, Tomás MOREIRA MARQUES, Rodrigo FERREIRA NEVES, Tim Focht, Ben WITRY DIAS, Laura MENZIOR, Naya HURTADO, Ava FELTEN an Celina MENZIOR
(Coach: Jan Mikeska)