Den LCE huet den 30. Oktober 2025 mat dräi Schüler un enger Initiatioun am Judo a Karate vun der LASEL deelgeholl. D’Anna Michels, de Jean Fischer an de Fynn Tombs hunn dobäi Grondtechniken aus béide Sportaarten kennen- a virun allem ausprobéiert. Am Ganze waren iwwer 200 Schüler bei dëser flotter Aktivitéit dobäi.